Genuddels a Gejiips
Bariton-Saxofon an The Bad Plus
60 min
Méi wéi nëmmen d'Fundament vun der Sektioun, huet de Bariton-Saxofon sech iwwert d'Joeren zu engem virtuose Solo-Instrument entwéckelt. Séng bekannste Vertrieder sin Ikone wéi den Gerry Mulligan oder Pepper Adams, mee et gin nach vill méi al a jonk groussaarteg Baritonisten. Mär entdécken e puer Highlights vun dësem feiregen Instrument, queesch duerch d'Jazzgeschicht. The Bad Plus sin als akustesche Powertrio bekannt gin, a virun allem hier dekonstruktivistesch Approche zu Popsongs huet se net nemme bei Jazz-Fans beléiwt gemaach, Si bréngen hiere mëttlerweil 18. Album eraus, si mettlerweil ouni Piano mee mam Chris Speed um Tenor an dem Ben Monder op der Guitare zu engem Quartett gin, a sin nach emmer enorm kreativ. Présentéiert vum Pit Dahm a Pol Belardi