Aktuelles
Seuil fir vum Majorz- an de Proporzsystem ze wiesselen eropsetzen?
5 min
D'Reaktioune vun de grousse Parteien op déi rezent Propos vum Syvicol fir de Majorzsystem a Gemenge bis 6.000 Awunner ze applizéieren, si gemëscht. Bis elo gëllt dee System, no deem eenzel Leit an net Lëschte vu Parteie gewielt ginn, nëmme bis eng Awunnerzuel vu maximal 3.000. De Syvicol argumentéiert, datt d'Parteien a ville méi klenge Gemenge Schwieregkeeten hätten, hir Lëschten ze fëllen, an datt d'Leit sech éischter géife politesch an hirer Gemeng engagéieren, wa si net missten zu enger Partei Faarf bekennen. D'Paule Rodesch mat Detailer