arrow_back_ios
Aktuelles
CNS: Wéini kënnt den elektroneschen Austausch vun Donnéeën?
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
Zéng Joer nodeems d'Agence eSanté gegrënnt gouf fir den elektronesche Patientendossier ze schafe gëtt et nach ëmmer kee fäerdege System, deen den Austausch vun den Donnéeën an den direkte Remboursement erméiglecht. D'CNS versprécht elo, datt de System bis Juli nächst Joer soll stoen. An dat trotz dem Konflikt, deen et den Ament tëschent der Dokterschaft an der Agence eSanté gëtt. D'Maxi Pesch informéiert.