Europa Aktuell
Baisse vun Energiepräisser liwwert Otempaus
4 min
D'Gaspräisser ginn erof. Op der Reunioun vun den Energieministeren gouf déi Nouvelle gëscht als "extrem positiv" opgeholl.
Um Kierchbierg hu si sech emol méi iwwert d'Hausse vun de Präisser an eng méiglech europäesch Äntwert dorop de Kapp zerbrach. D'Staats- a Regierungscheffen hunn hinnen eng Partie Mesuren op den Verhandlungsdësch geluecht. Bis Enn November wëllen d'Ministeren Neel mat Käpp maachen - a spéitstens wann de Präis nees klëmmt, wiisst och nees den Drock, endlech een Accord ze fannen