Klassik aktuell
E Fragment
6 min
Et gëtt eng Partie ongekläerte Froen ronderëm dem Mozart seng Mass an do mineur. Fir wéi eng Geleeënheet huet hie se geschriwwen? Et gouf keng speziell Commande fir dës Mass. Firwat huet de Mozart se net fäerdeg auskomponéiert an nom Saz "Et incarnatus est" d'Partitur op d'Säit geluecht? Trotz der Tatsaach, datt dës Mass een Torso blouf, gehéiert se zu de bedeitende Sakralwierker aus der Wiener Klassik. Fir den Allerséileconcert 2022 vum Méchelschouer dirigéiert de Gerry Welter dem W.A. Mozart seng Mass an do mineur.