Aktuelles
Shaken-baby-Syndrome
4 min
Zanter der Pandemie ass d'Unzuel u Bëbeeën, déi um Shaken-baby-Syndrome stierwe bei eise franséischen Nopere staark geklommen. Dat geet aus enger rezenter Etüd ervir. Ee sougenannte Schütteltrauma-Syndrom ka bei Bëbeeën zu Bluddungen am Kapp féieren an am schlëmmste Fall zum Doud. Och hei zu Lëtzebuerg hätt een d'Gefill, datt d'Gewalt vis a vis vu Bëbeeën a Kanner an d'Luucht gaangen ass. Där Meenung ass d'Alupse, eng Organisatioun ,déi sech géint Mësshandlunge vu Kanner asetzt. D'Organisatioun plädéiert fir eng méi staark Sensibilisatioun. D'Maxi Pesch mat Detailer