arrow_back_ios
Aktuelles
Myanmar: Journalisten a Liewensgefor
Am südostasiatesche Myanmar - och bekannt ënnert dem Numm Burma - ass zanter Februar d'lescht Joer d'Militär um Rudder, dat no engem Putsch. Zanterhier kënne Journalisten hirer Aarbecht do just mat extremen Aschränkungen nogoen. Si liewen ënner stänneger Angscht, festgeholl ze ginn an dann der Willkür vum Regime ausgesat ze sinn. D'ARD-Korrespondentin Jennifer Johnston huet ee Journalist begéint, deen sech decidéiert huet, ze flüchten.