Aktuelles
Anti-Gaspi
4 min
Eng Ronn 90 Prozent vun de Lëtzebuerger Menagë geheie reegelméisseg Iesswueren an d'Dreckskëscht, dat geet aus enger rezenter Ilres-Enquête vum Landwirtschaftsministère ervir. De Ministère huet dowéinst eng Verbrauchercampagne lancéiert, fir Offäll an de Privatstéit ze miniméieren.
Enger anerer Etüd no fléien am Duerchschnëtt 70.800 Tonnen Iesswueren d'Joer vu Menagen, Gastronomie, Handel a Grousskichen an d'Poubelle. Wat geschitt awer mat de Produiten, déi d'Grossisten oder d'Supermarchéen net méi verkafe kënnen oder wëllen. D'Anne Steichen huet dat nogefrot.