Concert Euroradio
Lars Vogt
"De Lars Vogt ass Dout" - dës Nouvelle huet Ufank September déi klassesch Musekszeen erféiert. No laanger Krankheet ass den däitsche Starpianist de 5. September 2022 - am Alter vun 51 Joer - gestuerwen. Als Hommage un de Museker huet d'European Broadcasting Union - zu där och de radio 100komma7 gehéiert - eng Offer vun enger ganzer Rei Concerte mam Lars Vogt zesumme gestallt. Een dovun steet an der Emissioun Concert Euroradio am Mëttelpunkt.
Um Programm:
Johannes Brahms (1833-1897):
Concerto fir Piano Nr.1 a Ré Mineur, op.15
Sinfonie Nr. 3 a Fa Majeur, op.90
Interpreten:
Lars Vogt, Piano
Bergen Philharmonic Orchestra
Edward Gardner, Direktioun