Aktuelles
Tripartite: Regierung wëllt Energiepräisser deckelen
4 min
D'Regierung wëllt d'Energiepräisser deckele fir d'Inflatioun ze bremsen a fir de Leit an de Betriber ze hëllefen. Dat huet de Premier gëschter Owend confirméiert, no där éischter Tripartite-Sëtzung am Schlass zu Senneng. Regierung, Gewerkschaften a Patronat waren do méi wéi siwe Stonne laang zesummen. D'Energie-Präis-Brems wier d'Haaptmesure, déi d'Regierung an dëser Kris proposéiert, esou de Premier. Hie gouf awer nach keng konkret Detailler. Do misst een nach op Zuele vum Statec waarden, déi de Moien an der zweeter Tripartite-Sëtzung virgestallt solle ginn. De Pierre Reyland mat Detailer