arrow_back_ios
Aktuelles
Gutt gelaunt zeréck an d'Schoul
headphones
3 min
Lauschteren
play_arrow
Den Educatiounsminister Claude Meisch war de Moien an der Escher Brillschoul op Besuch, eng vun de ville Grondschoulen uechter d'Land, wou jo de Moie Rentrée war. An an der Brillschoul war d'Begeeschterung - och ënner de ronn 730 Schülerinnen a Schüler - grouss fir erëm zeréck an d'Schoul ze kommen.
De Pierre Reyland huet e puer Stëmmen op der Plaz agefaangen an dobäi och eng Fra kennegeléiert, déi sech eng iwwerzeegte "Brill-Mamm" nennt.