Wéi ass den Zoustand vun der Europäescher Unioun? Doriwwer huet d'Kommissiounscheffin gëschter am Europaparlament eng Stonn laang geschwat. D'Ursula von der Leyen ass an hirer Ried zur Lag vun der Unioun wéi erwaart op d'Energie-Kris agaangen, déi duerch de russesche Krich an der Ukrain ausgeléist gouf.
Si huet méiglech Léisungen aus der Kris skizzéiert. Wéi koum dat am Parlament un? D'Danièle Weber huet bei e puer Lëtzebuerger Europadeputéiert nogefrot.