Commentaire
Diplomateschen Eclat bei Onofhängegkeetsfeier a Brasilien
Viru ronn 200 Joer, de 7. September 1822, huet Brasilien seng Onofhängegkeet vu Portugal ugekënnegt. Déi zwee Länner sinn trotz, oder grad wéinst där mouvementéierter gemeinsamer Geschicht, an och wéinst der Sprooch an der Kultur, enk matenee verbonne bliwwen. Dës Woch gouf a Brasilien un déi historesch Onofhängegkeets-Declaratioun erënnert an de portugisesche President gouf dofir vu sengem brasilianeschen Homolog Jair Boslonaro invitéiert. Allerdéngs huet dësen dovu profitéiert fir säi Gaascht aus Portugal ze erniddregen. Eis Korrespondentin Marie-Line Darcy kënnt op dës Commemoratiouns-Zeremonie zeréck.