arrow_back_ios
Aktuelles
Konsumenteschutz
headphones
3 min
Lauschteren
play_arrow
Onsécherheet an Angscht wier bei de Konsumenten ze spieren, esou den ULC-Direkter Guy Goedert. Hie réit de Leit d'Präisser ze vergläichen. Donieft fuerdert d'ULC d'Konditioune fir d'Allocation de vie chère ze kréien eropzesetzen, an dës ze verduebelen. Weider fuerdere si och, datt den Zouschoss beim Bensin a beim Diesel nees ageféiert an eventuell souguer eropgesat gëtt. Och déi nächst Indextranche dierft net weider verréckelt ginn, esou de Guy Goedert um Mikro vum Ana Angel.