Aktuelles
"Et geet eng Ära op en Enn"
Zanter der Nouvelle vun der Queen hirem Doud hu sech dausende Leit am Vereenegte Kinnekräich - an doriwwer eraus - versammelt, fir der Verstuerwener ze gedenken. Op ville Plaze goufe Blummen néiergeluecht a Käerzen ugefaangen.
Och vu Lëtzebuerg koume vill Reaktiounen. Den Haff huet sech an engem Bréif un de Kinnek Charles III adresséiert an de Premier Xavier Bettel schreift an engem Communiqué, d'Queen géif ee Repère bleiwe fir zukünfteg Generatiounen. Och den Ausseminister Jean Asselborn an de fréiere Staatsminister Jean-Claude Juncker erënnere sech gär un d'Queen.