Aktuelles
Energiesecteur: Claude Turmes begréisst Reformpläng
D'Hausse vun de Präisser um Energiemaart steet haut zu Bréissel op engem Spezial-Sommet am Mëttelpunkt vun de Gespréicher vun de 27 EU-Energieministeren.
Um Dësch leien eng Partie Proposen, déi d'Europäesch Kommissioun e Mëttwoch presentéiert huet. Dozou gehéiere Mesuren, déi d'Revenue vu verschiddene Stroumproduzente limitéiere sollen, genee ewéi en Deckel um Präis fir Gas, deen aus Russland importéiert gëtt.
De Lëtzebuerger Energieminister Claude Turmes steet deene Proposen an enger éischter Reaktioun positiv géintiwwer. E Bäitrag vum Danièle Weber