Aktuelles
Drop In Afepouken
Den Drop In ass eng Ulafstell fir Sexaarbechter, wou si sech iwwer sexuell iwwerdrobar Krankheeten informéiere kënnen; awer och e Raum, wou si Material fir ze schaffe fannen, oder sech zeréckzéien a ganz si selwer kënne sinn.
Den Ëmgang mat den Afepouke géif den Drop In an hir allgemenger Preventiounsaarbecht mat abannen, et dierft een awer aner Krankheeten, déi och sexuell iwwerdrobar sinn, net vergiessen. Et géif ee grad dru schaffen eng Plage d'Horaires ze maachen, wou nëmme Männer kënne kommen, fir sech esou och un hir Besoine kënnen unzepassen.
D'Ana Angel huet sech mat der Chargée de Direction, der Tess Funk ënnerhalen.