arrow_back_ios
Aktuelles
Ka Mallorca zu engem Virbild fir ee méi regeneratiivt Liewe ginn?
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
Duerch d'Klimakris, Ëmweltverschmotzungen, industriell Entwécklungen an aner mënschlech Aktivitéite briechen ëmmer méi Ökosystemer weltwäit zesummen. Dat och ronderëm déi balearesch Draminsel Mallorca, am spuenesche Mëttelmier. Ëmweltorganisatioune sëtzen sech deemno net nëmme fir d'Erhale vun de balearesche Küsteregiounen an, mee och fir hir aktiv Erneierung. Wat stécht hanner esou engem Modell vu regenerativem Liewen, a wéi kéint dësen och am Ausland als Virbild déngen? E Reportage vum Rahel Könen