Aktuelles
Habeck: Iddie fir Energie ze spueren
Den däitsche Wirtschaftsminister Robert Habeck ass de Moien a Kanada ukomm. Zesumme mam Bundeskanzler Olaf Scholz wëllt hien do Kontakter knäppe fir déi energetesch Zukunft vun Däitschland ofzesécheren. Am Interview mam ZDF sot hien de Moien an deem Zesummenhang, déi sozial Gerechtegkeet virum aktuell héije Gaspräis wier him wichteg: Leit mat niddregem Akommes missten elo besonnesch ënnerstëtzt ginn, a manner déi, déi 60.000 bis 100.000 Euro oder méi d'Joer verdéngen. Gläichzäiteg huet hien och e puer Piste genannt, wéi Energie kéint gespuert ginn.