Aktuelles
Geothermie: Potential zu Lëtzebuerg
3 min
Alternativ Energieressourcë si momentan e ganz grousst Theema, d'Geothermie a méi groussem Stil kéint zu Lëtzebuerg Potential hunn. Zu Diddeleng leeft momentan e Pilotprojet an Zesummenaarbecht mam Fonds de Logement a mam Energieministère. Aus ronn 2.000 Meter Déift kéint da bis zu 50 Grad waarmt Waasser ofgepompelt ginn. Am Hierscht soll den Ënnergrond dofir mat engem spezielle System duerchliicht ginn. D'nächst Joer soll dann eng Buerung an Déift Gewëssheet bréngen, ob de Projet rentabel ass. Dem Geolog Robert Colbach vu Ponts et Chaussées no kéint een am Idealfall d'ganz Regioun tëschent Diddeleng an Esch mat Heizwaasser versuergen. De Jacques Ganser huet sech de Projet erkläre gelooss.