Klassik aktuell
Grouss Botz
8 min
Keng Concerten, keng Produktiounen - awer och kee Stëllstand. Am Summer, wann de kënschtleresche Betrib an der Philharmonie Paus huet, si virun allem Techniker gefuerdert. Maintenance ass ugesot: Et gëtt gefléckt a gebotzt, fir datt an engem Mount alles erëm fonctionéiert, wann d'Saison 2022/2023 ufänkt. Dëse Summer gëtt et allerdéngs een aussergewéinleche Chantier an der Philharmonie. De Parterre ass komplett ausgeraumt ginn. Et war héich Zäit, d'Still ze erneieren an de Parquet grëndlech ze botzen.