arrow_back_ios
Aktuelles
Géint Cybergrooming virgoen
Déi lescht dräi Jore goufen et hei am Land am Ganze 14 Verurteelunge wéinst sougenanntem Cybergrooming. Dat äntwert de Minister fir bannescht Sécherheet Henri Kox op eng parlamentaresch Fro zum Theema. Beim Cybergrooming bauen Erwuessener iwwer den Internet anonym ee Vertrauensverhältnes mat engem Kand oder Jugendlechen op, fir si esou zu sexuellen Handlungen ze iwwerrieden. Bee Secure, d'Berodungsstell fir ee sécheren Ëmgang mam Internet, wëllt dogéint virgoen. Méi Detailer vum Cyrille Hill