arrow_back_ios
Aktuelles
Waasser - d'Enn vun der Atomenergie?
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
D'Atomkraaftwierk Cattenom kann zanter enger Woch kee Waasser méi aus der Musel huele fir ze killen. De Peegel vum Floss ass ze niddereg, dowéinst gëtt d'Waasser aus dem kënschtleche Stauséi Mirgenbach geholl, dee genee dowéinst ugeluecht gouf. Allerdéngs lafen am Ament just zwee vun deene véier Reakteren - an och d'Waasser am Séi ass net onendlech. De Klimawandel bréngt d'Atomkraaft un hir Grenzen. Den Tom Haas huet mam Roger Spautz vu Greenpeace geschwat.