Aktuelles
Sri Lanka kuckt an eng ongewëss Zukunft
4 min
Sri Lanka huet ustrengend Méint hannert sech. Zu Zéngdausende sinn d'Leit do op Strooss gaangen, fir géint de President Gotabaya Rajapaksa ze protestéieren. Am Inselstaat südlech vun Indien feelt et antëscht un allem: Bensin, Gas, Medikamenter a Liewensmëttel. Eppes hunn d'Demonstranten awer elo erreecht: de President ass zréckgetrueden, an an den nächsten Deeg soll gekläert gi wéi et un der Spëtzt vum Land weidergeet. Wéini awer de politsche Chaos - a virun allem d'Wirtschaftskris - eriwwer sinn, bleift awer onkloer. Iwwer d'Situatioun op der Plaz, d'ARD-Korrespondentin Silke Diettrich.