Aktuelles
De Mouvement écologique fuedert méi Gréngs an de Stied
4 min
Vill ze vill Plazen a Gebaier géifen och haut nach esou gebaut ginn, datt se weder sozial nach klimatechnesch en Notzen hätten. Dobäi géif méi Gréngs an de Stied erwisenermoossen d'Hëtzt am Summer reduzéieren, Waasser späicheren an et hätt donieft e positiven psychologeschen Effet op d'Mënschen. Aus enger Ëmfro ënner anerem bei de Gemengen, den Architekten an de Ministeren zitt de Mouvement écologique d'Conclusioun, datt den néidege politeschen Impuls schonn an der Planungsphas misst kommen. De Jacques Ganser mat weideren Detailer