Mat hire Kannerbicher ass si scho laang bekannt a Frankräich, elo koum hiren éischte Roman, dee sech un e jugendlechen an erwuessene Public adresséiert, eraus. D'Laura Nsafou ass awer net just Schrëftstellerin, mee och Bloggerin a mat hirem Blog "Mrs.Roots" stellt déi 1992 gebueren Afrofeministin, wéi si sech selwer bezeechent, eis Gesellschaft an d'Literatur a Fro.
D'Valerija Berdi ass der Laura Nsafou um Literaturfestival Etonnants voyageurs zu Saint-Malo begéint.