De Festival d'Avignon ass dee wichtegste Rendez-vous vum frankophonen Theater, wou bis de 26. Juli insgesamt 1.500 Theater-Produktioune gespillt ginn. Och vu Lëtzebuerg gi véier Stécker presentéiert.
Eise Korrespondent Léonardo Kahn ass op der Plaz an huet mat de Lëtzebuerger Kënschtler:innen a Responsabelen iwwer hir Andréck geschwat.