arrow_back_ios
Aktuelles
E Stéck ukrainesch Kultur am Rollengergronn
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
De 15. Juni huet déi éischt ukrainesch Bibliothéik zu Lëtzebuerg hir Dieren opgemaach. Dës Initiativ vun LUkraine, déi am Ufank haaptsächlech fir ukrainesch Kanner geduecht war, huet sech an de leschte Wochen zu engem ëmmer méi grousse Projet entwéckelt. All Dag fannen 20 bis 30 Visiteuren vun all Alter de Wee bis an de Rollengergronn fir duerch Bicher ze bliederen oder sech auszetauschen. D'Marlène Clement war do an huet sech mat den zwou ukrainesche Bibliothekärinnen Angela Domasova an Oksana Cherniuk ënnerhalen.