De franséische Schrëftsteller Patrick Deville ass en alen Hues vun der Reesliteratur. Fir säin neit Buch "Fenua" huet hie franséisch Polynesien, dorënner Tahiti, exploréiert. Selwer mee och duerch de Brëll vu berüümte Schrëftsteller, Kënschtler an Abenteurer wéi Robert Louis Stevenson, Paul Gauguin, Pierre Loti oder Alain Gerbault.
Um rezente Festival Etonnants voyageurs zu Saint-Malo huet de Michel Delage mam Patrick Deville geschwat.