arrow_back_ios
Aktuelles
Ukrainesch Bouschéisserin fir Lëtzebuerg op der EM
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Déi gebierteg Ukrainerin Mariya Shkolna huet Lëtzebuerg viru Kuerzem erfollegräich op der EM am Bouschéisse vertrueden: Déi jonk Sportlerin koum op d'Plaz néng an huet sech scho fir d'Europameeschterschaften d'nächst Joer qualifizéiert. D'Bouschéisserin lieft schonn zanter bal véier Joer am Grand-Duché. Trotzdeem ass si wéinst dem Krich an der Ukrain a Gedanke vill bei hirem Heemechtsland. D'Myriam Chaboud-Velle huet déi jonk an éiergäizeg Sportlerin getraff.