arrow_back_ios
Aktuelles
Zënserhéijung: wéi eng Bedeitung fir d'Konsumenten?
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Déi Europäesch Zentralbank huet rezent ugekënnegt den nächste Mount d'Leetzënsen ëm 0,25 Prozentpunkte wëllen eropzesetzen. Dëst wier déi éischt Erhéijung zanter eelef Joer. Wat wäert dëst Enn vun der Null-Zëns-Politik an der Euro-Zon fir d'Konsumente bedeiten? A wat erwaart de Lëtzebuerger Konsumenteschutz sech dobäi vun de Lëtzebuerger Banken? Dat huet de Serge Kesseler beim ULC-Direkter Guy Godert nogefrot.