Aktuelles
Sproocheronnen
6 min
Op véier Sproocheronnen uechter d'Land konnten interesséiert Leit Virschléi maachen, wéi een eis Sprooch weider promovéiere kann. De Commissaire fir d'Lëtzebuerger Sprooch huet opmierksam nogelauschtert. Eenzel Iddien, déi zu Esch, Iechternach, an der Stad an zu Klierf op den Dësch koumen, wäerten an den 20-Joresplang fir d'Lëtzebuerger Sprooch afléissen, deen hie bis den Hierscht ausschaffe soll.
De Maurice Molitor war ee vu just engem Grapp voll Leit op der Stater Sproocheronn, de leschten Dënschdeg am Festsall vum Lycée Michel Rodange um Geesseknäppchen.