Aktuelles
Vu Mariupol op Lwiw
4 min
Am Weste vun der Ukrain ass et roueg, am Verglach mat der Front am Osten, an der Donbas-Regioun. Dofir flüchte vill Leit aus anere Géigenden a Stied wéi Lviv, no un der polnescher Grenz. Nom Ufank vun der russescher Invasioun war den Undrang vu Flüchtlingen am Weste vum Land an op de Grenz jo besonnesch dramatesch.
Vill sinn zeréck an d'Ukrain gereest, an zeréck an hir Stied, mee anerer kënnen dat net, well déi Plazen elo a russescher Hand sinn. Datt ass jo de Fall zum Beispill zu Mariupol.
Eise Korrespondent Philip Crowther huet eng Famill aus der südëstlecher Stad zu Lwiw getraff.