Commentaire
Élections législatives: Eng Wal, dräi Strategien
5 min
A Frankräich ass dëse Sonndeg den éischten Tour vun den Élections législatives. D'Kandidate brauche fir ee Mandat ze kréien 12,5 Prozent vun de Stëmme vun alle Walberechtegten an enger Circonscriptioun - net nëmme vun deenen, déi wiele ginn. Ëmfroen no soll d'Abstentioun nees e Rekordwäert erreechen, an dowéinst kann de Scrutin jee no Walkrees och fir etabléiert Parteien eng Erausfuerderung ginn. Fir d'Majoritéit an der Assemblée nationale ze gewannen, wenden déi dräi grouss politesch Kräfte verschidde Strategien un. Dozou eise Paräis Korrespondent Léonardo Kahn.