arrow_back_ios
Klassik aktuell
Iwwer 100 Museker an dräi Deeg Concert
headphones
9 min
Lauschteren
play_arrow
De Concert 2017 an der Philharmonie war esou e groussen Erfolleg, datt de Choeur de Chambre de Luxembourg zesumme mat der Lëtzebuerger Militärmusek, dem European Academic Orchestra an der Académie pour Jeunes Voix du Choeur de Chambre de Luxembourg (CCL) elo nach emol dem Carl Orff seng Carmina Burana opféiere wäerten. An dës Kéier net nëmmen eemol, mee direkt dräi Mol op dräi Deeg. Den Antonio Grosu, musikaleschen Direkter vum CCL an Dirigent vun dësem Concert, huet dem Marie Schockmel méi iwwer dëse Projet erzielt.