arrow_back_ios
Aktuelles
Afepouken an Nigeria
D'Afepouke sinn an Nigeria net onbekannt. A ganz West- an Zentralafrika zirkuléiert de Virus zum Deel zanter Joren, an Nigeria ginn et zanter Kuerzem ëmmer erëm Ausbréch. Mee och wann, d'Symptomer zum Beispill bekannt sinn, maache Medezinner an d'Bevëlkerung sech Suergen. Ee Bäitrag dozou aus dem ARD-Studio Nordwestafrika, vun der Dunja Sadaqi.