Aktuelles
An der Epicerie Sociale zu Esch gi verschidde Produiten rationnéiert
8 min
De Krich an der Ukrain mécht sech am Moment och an de Supermarchées-Regaler bemierkbar: Et ass Iech vläit schon opgefall, datt de Sonneblummenueleg méi déier ginn ass, an datt an der Lescht och heiansdo guer keen Ueleg ze kréien ass.
Fir déi meescht vun eis ass dat kee riisege Problem, well et kann ee jo aner Produiten benotzen, och wann déi vläit e bësse méi deier sinn. Mee esou einfach ass et net, wann ee souwisou schon all Mount Problemer huet fir d'Ënner beieneen ze kréien.
De Rick Mertens war sech dofier an d'Epicerie Sociale op Esch ukucken, wéi een Impakt d'Präisshaussen bei de Liewensmettel do am Moment hunn.