arrow_back_ios
Aktuelles
Däitschland: Waasserkraaft vs. Wand a Sonn?
Sonn, Wand a Waasser an Elektresch verwandelen - et klengt sou einfach, mee den Däiwel stécht am Detail. Dat weist sech och den Ament an Däitschland. De Wirtschaftsminister do, de Robert Habeck vun de Gréngen, wëllt elo net méi op déi kleng Waasserwierker setzen a senger Strategie fir den Ausbau vun den erneierbaren Energien. D'Grënn dofir hänken haaptsächlech mam Ëmweltschutz zesummen. D'Kritik iwwert déi Decisioun léisst net op sech waarden. Explikatioune vum ARD-Korrespondent Hans-Joachim Vieweger.