Wéini kënnt den Enn vum Diesel- a Benzins-Auto?
Geet et der Europäescher Kommissioun no soll dat an der EU 2035 geschéien. Bis 2030 sollen d'Emissiounen vun den Autoen em d'Halschent reduzéiert ginn.
Gëscht huet sech eng Majoritéit vun der Emweltkommissioun am Europaparlament dohannert gestallt. De Vote huet awer och gewisen, wéi wäit d'Meenungen an der EU ausenee ginn, wann et ëm d'Zukunft vum Auto geet.