Commentaire
Wéi krank ass d'Queen?
A Groussbritannie gëtt sech Suerge gemaach iwwer d'Gesondheet vun der Queen. Gëschter huet d'Queen Elizabeth fir nëmmen déi drëtte Kéier an hirer Karriär déi traditionell Zeremonie vum Troun-Discours verpasst. Et war hire Fils, de Prënz Charles, dee si ersat huet. D'Queen ka sech zanter enger Zäitchen elo net méi gutt beweegen an dofir ginn hir ëffentlech Optrëtter och ëmmer méi rar. D'Anaïs Cordoba ass eis Korrespondentin zu London. U si ass et d'Fro, ob d'Queen nach kapabel ass hir Funktioun richteg auszeüben?