arrow_back_ios
Commentaire
Affront géint de Kanzler
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Den däitschen Oppositiounsleader Friedrich Merz wëllt an d'Ukrain reesen, fir "staatspolitesch Verantwortung" ze demonstréieren. Déi geplangte Visitt demonstréiert awer vill méi, wéi gespléckt déi däitsch Politik ass a kéint e schwéieren Imageschued fir de Bundeskanzler bedeiten, mengt eise Berlin Korrespondent Max Tholl.