arrow_back_ios
Aktuelles
Méi Ënnerstëtzung fir de Studium
headphones
3 min
Lauschteren
play_arrow
Déi staatlech Finanzhëllefe fir Studente solle vum August dëst Joer un dauerhaft eropgesat ginn. Bei der Annonce vun där Decisioun huet den Héichschoulminister Claude Meisch gëschter op déi héich Inflatioun verwisen. Am Tripartite-Accord war jo festgehale ginn, datt vum akademesche Joer 2022/23 un, zousätzlech zéng Milliounen Euro sollen zur Verfügung stoen.
D'Zil soll bleiwen, datt all Student sengem Studium kann nogoen - onofhängeg vum Portmonni vun den Elteren, Detailer vum Serge Kesseler