Commentaire
D'Marine Le Pen an hiren nëtzlechen Idiot
5 min
A Frankräich hu gëschter déi zwee riets-extreem Kandidaten hire leschte Wal-Meeting virum éischte Waltour gehalen: den Éric Zemmour zu Paräis an d'Marine Le Pen zu Perpignan. Béid hu sech iwwer déi lescht Méint Wieler a Membere geklaut. Den Ëmfroen no kéint sech dëse Sonndeg allerdéngs d'Kandidatin vum Rassemblement National mat 22 bis 25 Prozent vun de Walintentiounen fir den zweeten decisiven Tour qualifizéieren. Den Éric Zemmour hätt hir als nëtzlechen Idiot gedéngt, mengt eise Paräis Korrespondent Léonardo Kahn.