arrow_back_ios
Commentaire
Chronik
De franséische President Emmanuel Macron hat virun zwee Deeg säin éischte Walkampfoptrëtt. Den nämmlechten Dag gouf d'Lescht mat de validéierte Kandidature fir d'Presidentiellë verëffentlecht: ganzer 12 Kandidaten a Kandidatinne sinn am Renne fir den Élysée. Den éischte Waltour ass den 10. Abrëll, den zweeten zwou Woche méi spéit. Eng Analyse vun de Kandidature mat eisem Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn.