arrow_back_ios
Aktuelles
Flucht aus der Ukrain: Plaz dréngend gesicht
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Dem leschte Rapport vun der UNO no si bis ewell eng 600 Dausend Ukrainer op der Flucht virum Krich, an d'Zuel geet stänneg erop. Ongeféier d'Hallschent ass am Nopeschland Polen ënnerkomm. Wéi vill Flüchtlingen hei op Lëtzebuerg wäerte kommen, wier de Moment schwéier ofzeschätzen, heescht et aus dem Ausseministère. Mee éischt Famille si schonn ukomm an d'Preparatioune lafen op Héichtouren, virop d'Sich no Plaze fir ze liewen. D'Christiane Kleer huet Detailer.