D'EU wëllt Russland haart duerch ekonomesch Sanktiounen treffen. Ënner anerem soll d'Verméige vun der Russescher Zentralbank an der EU agefruer ginn. Dernieft solle verschidde russesch Banke vum Bankeninformatiounssystem SWIFT ausgeschloss ginn.
Mee wat heescht dat eigentlech? Wéi effikass sinn déi Mesuren? Wéi eng Konsequenze sinn ze erwaarden. D'Danièle Weber huet mam Artem Kochnev geschwat. Hien ass Ekonomist um Wiener Institut fir International Wirtschafts-Etüden.