arrow_back_ios
Aktuelles
Stëmme vun der LUkraine-Manifestatioun
An der Mëttesstonn hat d'Associatioun vun den Ukrainer zu Lëtzebuerg LUkraine zu enger Manifestatioun virum Staatsministère opgeruff. Eng 200 Leit sinn doropshin op der Place Clairefontaine zesummekomm - ënner hinnen Ukrainer awer och russesch a Lëtzebuerger Bierger. Si all wollten nom Amarsch vu russeschen Truppen an d'Ukrain hir Suerg a Solidaritéit mam Land a senger Bevëlkerung weisen. D'Carole Schimmer war op der Plaz fir e puer Stëmmen anzefänken.