arrow_back_ios
Aktuelles
"Violatioun vun Integritéit vun der Ukrain"
De Wladimir Putin huet laang behaapt, hien hätt keng Pläng fir an d'Ukrain anzemarschéieren. Zanter gëschter Owend ass kloer, datt dat net wouer war. De russesche President huet d'Onofhängegkeet vun ostukrainesche Gebidder an der Donbass-Regioun unerkannt an huet den Uerder gi russesch Truppen dohin ze schécken. Den Ausseminister Jean Asselborn seet am 100,7-Interview, dat wier grav.