Aktuelles
"Russesch Attack op d'Ukrain weiderhi méiglech"
4 min
D'USA hätte bis elo keng kredibel Zeeche gesinn, datt Russland Zaldoten vun der ukrainescher Grenz zeréckgezunn huet. Dat sot den amerikanesche President Joe Biden an enger Ried op der amerikanescher Televisioun. Do virdrun hat Moskau matgedeelt: Eng Partie russesch Zaldoten géife sech vun hire Positiounen un der ukrainescher Grenz zeréckzéien.
Den Joe Biden sot: Eng russesch Attack op d'Ukrain wier weiderhi méiglech. Hien huet Russland op en Neits viru Sanktioune gewarnt. Vu Washington, den ARD Korrespondent Arthur Landwehr