Aktuelles
De "Grand Mal"
De 14. Februar ass den Dag vum Hellege Valentin vun Terni. Déi meescht kennen hien als Schutzpatroun vun den Verléiften. Zesumme mam Valentin vu Rätien gëllt hien awer ausserdeem als Hëllefer géint d'Epilepsie, déi dowéinst och de 14. Februar hire Weltdag huet. Wien hei zu Lëtzebuerg Froen zur Epilepsie huet, freet awer besser kee kierchleche Märtyrer, deen zanter iwwer 1.000 Joer dout ass, mee geet bei d'AAPE, d'Association d'Aide aux Personnes Epileptiques. Den Tom Haas huet mat hirem President, dem jos Voss, an enger vun hire Comitésmemberen, der Maryse Arendt, geschwat.